Bolognese-Zoos (Pasta Cutta)
Persons
6
Prep Time
20 minutes
Cook Time
3 hours
Total Time
3 hours, 20 minutes
Ingredients
- 1 kg Gehacktes
- 1 déck Ënn
- 2-3 Zéiwe Knuewelek
- 2 grouss Dousen Tomaten
- 2 ZL Tomatepüree
- 2 Wuerzelen, ev. och e klengt Stéck Zelleri
- Salz, Peffer
- Oregano
- Thymian
- Rosmarin
- 3 ZL Ueleg fir unzebroden
- 1 kg Spaghetti
- Schwäizer Kéis oder Parmesan
Instructions
- D’Ënn, de Knuewelek an d’Wuerzel schielen a schneiden.
- Den Ueleg am Brotdëppe waarm maachen an d’Ënn dran ubroden.
- d’Gehacktes do dra ginn, a mam Holzspachtel dréien an zerdeelen.
- Alles 10 Min. brutschele loossen, awer ëmmer nees réieren. Dann d’Tomaten an den Tomatepüree dobäiginn. Gutt réieren.
- Déi kleng geschnidde Wuerzel. de Knuewelek, d’Kraider an d’Gewierzer an d’Dëppe ginn an nees gutt vermëschen.
- Alles 2-3 Stonne lues weiderkache loossen.
- D’Spaghetti am Salzwaasser kachen, ofschëdden an d’Zooss separat zerwéieren.
- De Kéis an ev. en Teller mat Brout prett halen.