Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 600 g Bounen (net ze dënn)
- 4-5 Gromperen
- 150 ml Ram
- Péiterséileg
- Peffer
- Salz
- Bounekraitchen (sariette)
Instructions
- D’Spëtzte vun de Bounen ofschneiden, se wäschen, dann a kleng Stécker schneiden.
- Dono an esou vill Salzwaasser kachen, dass d’Waasser just e bëssen iwwer de Boune steet.
- D’Grompere wäschen, schielen an a Stécker schneiden.
- Déi an engem aneren Dëppen agesalzenem Waasser kachen.
- Wann d’Boune mëll sinn, en Deel vum Waasser erausschäffen an halen.
- D’Gromperen ofschëdden.
- Se dann entweder duerchdrécken (duerch d’Passevite) oder als ganz Stécker bei d’Boune ginn.
- Dono d’Quantitéit vum Bounewaasser dem Goût upassen.
- Mat Peffer a Salz wierzen.
- De Péiterséileg an d’Bounekraitche wäschen, kleng schneiden an dobäiginn.
- Zum Schluss nach d’Ram dobäimaachen.