Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 Kürbis (1,5-2 kg)
- 4 Wuerzelen
- 6 Gromperen
- 2 Ënnen
- 3 l Britt (Bouillon)
- 200 g Botter
- Salz
- Peffer
- 1 dl Ram
- 6 Téiläffelen Trüffelueleg
Instructions
- De Kürbis schielen an d’Kären eraushuelen.
- Wuerzelen a Grompere schielen, wäschen an a Stécker schneiden.
- Kürbis a Stécker schneiden.
- Ënnen schielen, kleng schneiden an am Dëppe mat Botter glaseg undënsten.
- Wuerzelen, Gromperen a Kürbis dobäiginn an zesummen e puer Minutten undënsten.
- Mam Bouillon ofläschen, mat Salz a Peffer wierzen.
- Op klengem Feier ongeféier 45 Min. goe loossen.
- Dono d’Zopp mam Mixer mixen a mat Ram an Trüffelueleg verfeineren.
- Zopp a kleng Schossele schëdden a sech se gutt schmaache loossen.