Material: een Hullahoopreef
Spiller: mindestens 6
D’Spiller stellen sech an e Krees a ginn sech d’Hand. Op enger Platz gëtt den Hullahoopreef ronderëm en Aarm geluecht. Dësen muss elo den Tour vum Krees maachen, ouni dass iergendeen seng Hänn lassléisst. Et muss also ee Spiller nom aneren duerch de Reef klammen. Et stoppt een am Beschten d’Zäit an setzt der Grupp den Challenge, sech bei all weiderem Versuch ze verbesseren.
A Covidzaiten kann een och statt sech d’Hand ze ginn eng Schnouer oder e Bengel tëscht 2 Hänn unhalen.
Matériel: un cerceau
Joueurs: au moins 6
Les joueurs forment un cercle et se serrent la main. À un endroit donné, le cerceau est placé autour d’un bras. Il doit maintenant faire le tour du cercle sans que personne ne lâche ses mains. Donc, un joueur après l’autre doit grimper à travers le cerceau. On chronomètre le temps et de met le groupe au défi de s’améliorer à chaque tentative.
En période Covid, au lieu de serrer la main, vous pouvez tenir une ficelle ou un bâton entre deux mains.