Hond a Meeschter / Chien et maître

Material: / (evt Still)

Unzuel u Spiller: minimum 9

D’Hallschent vun de Spiller stellt sech an e Krees a mécht d’Hänn op de Réck. Déi aner Spiller verdeelen sech virun déi Spiller déi am Krees stinn. Si setzen sech entweder op d’Knéien virun si oder op Still. Eng Persoun au dem Krees baussen muss keen virun sech hunn. Déi Leit baussen sinn d’Meeschteren, déi virun hinnen d’Hënn. Een Meeschter huet also keen Hond. Hien well elo engem anere Meeschter säin Hond klauen. Dat mécht hien, andeems hien engem Hond en Aen zoupëtzt. Dësen Hond probéiert, dann séier bei den neie Meeschter ze lafen. Den ale Meeschter well säin Hond natierlech net fortginn, a probéiert dësen duerch e Klapps op de Réck opzehalen. Heibäi däerfen d’Meeschteren sech allerdéngs net no fir beweegen. Erwëscht de Meeschter säin Hond nach, muss dësen bleiwen wou en war an den Meeschter ouni Hond muss säin Gléck weiderprobéieren. Packt den Hond et bei den neie Meeschter geet hien dohin a wiesselt hei mat deem Meeschter d’Roll. Hien gëtt also zum Meeschter an de Meeschter deen den Hond ugelackelt huet gëtt zum Hond.

Matériel: / (éventuellement des chaises)
Nombre de joueurs: au moins 9
La moitié des joueurs se place en cercle en étant debout, les mains sur le dos. Les autres joueurs se répartissent devant les joueurs qui sont debout. Ils se mettent soit sur une chaise devant eux, soit ils se placent sur les genoux. Une personne du cercle extérieur n’a pas de personne devant elle. Les personnes à l’extérieur représentent les maîtres, les joueurs devant eux sont leurs chiens. Une personne n’a donc pas de chien. Elle veut changer ceci en volant le chien d’un autre maître. Pour faire ceci, il doit fermer l’œil sur un chien. Ce chien doit alors essayer de quitter son maître afin de rejoindre l’autre maître. Le maître du chien ne veut néanmoins pas laisser partir le chien et essaie de le toucher pour le garder avec lui. Il n’a pas le droit d’avancer. S’il arrive à toucher le chien, le chien reste avec lui. S’il n’y arrive pas, le chien rejoint le nouveau maître. Il change alors de rôle avec celui-ci.